Sonntag, 15. September 2019

Pflanzebourse 2019 zu Stolzembourg

Herein spaziert...Herein spaziert.....


il comedianti d'ell teatro Lomazi

Maestro Lompazi - Master Magician


Georges Christen - The living Hercules


Principessa Mimosa


Freitag, 13. September 2019

Nei Saison 2019 Neie Programm

IL TEATRO LOMPAZI ON TOUR 2019 - Schueberfouer 1900 - Kiirmes Variété ewéi fréiher beim Papa Amberg an der Bud.... aus der gudder aaler Zäit vum John Grün; Jean Clement an Alex Weyer...

(vl.nr: Georges Christen; 'Zappi'; 'Maestro Lompazi')



"Den Teatro Lompazi ass en traditionellt ambulant Schaugeschäft waat vun der Schausteller Famill Kayser am Joer 2012 gegrënnt gouff. Spézialiséiert huet den Teatro sech ob d'Ausstellung, Duerstellung an d'Schaustellung vun den 'Arts Forains' an 'Arts du Cirque' aus dem groussen Patrimoine vun Lëtzebuerger Forains an Artisten... Ganz am Geescht vun der Belle Epoque an engk verwuerzelt mam Forains Milieu, erliewt den Zuschauer en Stéck Zäitgeschicht nees oberstoen ënnert dem Chapiteau vum eenzegen wandernden lëtzebuergegen Variété."
Direktioun



Zappi an den 1990er am Circus Busch Roland

Dienstag, 13. November 2018

Teatro Lompazi on Tour 2018 (1. Deel)




Kiirmes 1900 zu Esch Sauer mat eegenem Theaterzelt


Bourse aux plantes Stolzembourg
Museesfest zu Randschelt an der Thillenvogtei

Museesfest Thillenvogtei


Mittwoch, 31. Januar 2018

Nei Saison neie Programm:

Den Teatro Lompazi präsentéiert fir d'Saison 2018 folgend nei Programmer:


- Mam Lakert an der Uucht - Lëtzebuerger Lidderstonn (Uraal Lëtzebuerger Lidder an traditionell Dänz) Fir all Alter an all Festivitéit.

- "De Magicien sur Roue" - 45 minute komödiantesch an circacensesch Könscht gepaart mat Witz an Täschespielerei (Fir all Alter)

- Vum Siegfried an dem Dracheschatz - Eng musikalesch  Rees zereck an d'Mëttelalter (Versioun 1: Geschicht an Musikalesche Spektakel; Versioun 2 fir educative Strukturen: erzielten musikalesch Geschicht an spillereschen Atelier iwwert d'Mëttelalter)


Den Teatro ass den ament Gâscht an den educativen Strukturen hei am Land an, an der Staat Lëtzebuerg. All Programm kann awer och fir öffentlech oder privat Zwecke gebucht gin


Bis vläit geschwenn

Mat Zauberhafte Gréiss - La Famiglia Lompazi




Montag, 25. September 2017

Il Teatro spillt zu Diddeleng 30.09.2017

Léiw Frënn vum klengsten Circus hei zu Lëtzebuerg, e Samsten den 30. September spille mir zu Diddeleng an der Akaafsstrooss... Mir freen eis iech do ze begréissen...

D'Spillzäiten sin: 16:ooh : Cicus Ouverture; 17:00 : Rapp a Klapp Stéck - E Poppespill mam Lakert; 18:00 h : Potpourri Circus

Dienstag, 5. September 2017

Viirstellungen gecancelt

Léiw Frënn vum Teatro Lompazi, Direktioun ënnert der Leedung vum Maestro Principale Lompazi deelt iech heimadden matt, datt den Spektakel: 'De groussen Hexemeechter', den mat vill succes ob der Nuit des Legendes zu Esch Sauer seng Premier mam éichten Akt hat, am Hiescht an am Wanter net am Figutentheaterhaus Poppespënnchen zu Lasauvage ze gesin ass. De Spektakel leeft am Wanter an de Schoulen dei ugefroot hun an doniewend brengt den Teatro daat Stéck als grousse Wanderspektakel bei iech doheem an Duerf fir dei nei Saison 2018....

Donnerstag, 13. Juli 2017

Schools Out for Summer....

Den Teatro Lompazi ass de Moment a verschiddenen Schoulen ennerwee fir grouss a kleng mat sengem Spektakel 'Mam Lakert um Tuer' ze begeeschteren....


Fir weider ufroen (Schoulfester, Maison Relais, Foyer Scolaire)...einfach mellen




Zu Lorentzweiler am Cycle 2